De Comité an d’Memberen vum
„Dësch-Tennis Féngig“
hunn déi traureg Flicht, den Dout matzedeelen vun
hirem laangjährege Frënd, Spiller a Comiteesmember, dem
WILLY GIRA
Spiller vun 1961 bis 2000
Jugendwart vun 1962 bis 1975
Sekretär vun 1975 bis 1985
President vun 1985 bis 2009
Eierepresident vun 2009 un
De Willy war zudéifst mam Dësch-Tennis Féngig verbonnen an e Pilier vum Veräin.
Onzielbar all déi Stonnen, déi fir de Veräin dropgange sinn!
Säin aussergewéinlechen Asaz an eisem Veräin an di verschidden zousätzlech
Posten bei der FLTT hu seng Léift a seng Begeeschterung fir den Ping-Pong
während all deene Joeren beschtens bewisen.
Onvergiesslech och di vill schéi Stonnen, déi de Willy eis beim „Lëschtegen Nomëtteg“
mat sengen Dia’en geschenkt huet.
Merci Willy, fir alles wat’s Du fir eise Veräin gemach hues,
mer wäerten Dëch niemols vergiessen!
Mer denken an dëse schwéiere Stonnen och un dem Willy seng Famill an drécken
dem Madeleine, dem Carlo, dem Georges an dem Michèle mat hire Familljen
eist déifsten an oprichtegt Bäileed aus.